eise Folklorsgrupp

Zu Lėtzebuerg gėtt erėm gedanzt


Zanter dem 1. Weltkrieg 1914-18 ware bei eis d’Volléksdänz an de Vergiess komm. Recherche vun Ethnographen a Musikswëssenschaftler hunn et erlaabt d‘Melodien an d‘Schrëtt vun alen Dänz erëmzefannen.

Fachleit aus dësen Disziplinen hunn dat Grondmaterial benotzt, fir déi Dänz frësch opzestellen. Am Repertoire vum Folklorgrupp LA RONDE sinn et eng 20 Dänz aus dem fréiere Lëtzebuerger Herzogtum, déi fir d’Bühn arrangéiert gouwen, wéi Schibberli, Siwesprong, Pick Polka, Minnewee, Karschnatz, Konterdanz, Eifeler Maklott, Härendanz, Sonndesdanz, Schottesch Näip an nach eng Rei anerer. Se gi vun hiren Dänzer mat Freed gedanzt an domatt ass gesuergt, datt dëse kulturelle Patrimoine net verluer geet.

Hei am Land trëtt den Danzgrupp meeschtens op Invitatioun vu Gemengen, Duerfsyndikaten a Privatgesellschaften op; an d’Ausland geet et dacks op international Manifestatiounen a Festivaler, wat fir eis natiirlech flott Reese sinn. Op der Bühn mécht den Danzensembel duerch d’Wiel vu de Stëfter “copies d’époque”, mat engem harmonesche Spill an de Kleederfarwen e gefällegt, schéint Bild.

Nei Dänzerinnen, Dänzer a Musikante si bei eis ëmmer wëllkomm. Mir prouwen eemol an der Woch ofwiesselnd zu Beetebuerg, an der Stad matt dem Folkorsgrupp "Uucht - La Veillée" aus der Stat Méindes vun 20.00 bis 22.00 Auer.