eis Truechten

Gëtt et eng Lëtzebuerger Truecht?

Sou wäit wéi een an d’Joerhonnerten och zréckkuckt, et fënnt ee keen Zeechen vun enger spezifesch Lëtzebuerger Truecht. Wann ee vun Truecht schwetzt, denkt een normalerweis un d’houbescht Gezei, dat a sénger Art typesch fir eng Regioun ass, an dat fir besser Geleeënheeten gedroe gëtt. Geographesch a politesch Verhältnesser an eiser Regioun stoungen dem Entstoen vun enger eenheetlecher Sonndestruecht am Wee. D’Leit aus der Stad hu sech no dem Moud gekleed; de Moud vu ronderëm, besonnesch aus Frankräich, ass an der Stad gären opgeholl ginn an d’Leit vum Land hunn op d’Stad gekuckt fir mat etlëcher Verspéidung dem Moud hannendrunn ze lafen. Een Af mécht der honnert! seet d’Spréchwuert.
Wuel war et Brauch, datt déi verschidde Beruffer hir typesch Schaffmontureng, eng Aart Truecht, unhaten, wéi déi vum Bäcker, Zammermann, Schmatt, Metzler, Mëller, Scharschtegbotzer, Kuelenhändler a. a.; esou war och dem Bauer säi Schaffgezei iwwer ee Leescht gezunn. Iewer Sonndes a fir déi houbescht Deeg ass sech no dem Moud gekleet ginn an et as ee mat der Zäit gaangen.
Wann een déi eenheetlech Kleedung vun de geeschtleche Beruffer aus Kléischter a Klerus (Talar) net wëllt als Truecht bezeechnen, esou ass dach iewer d’Aarbéchtskleedong, déi d’Biergaarbechter gedroen hunn, als eng richteg Truecht ze nennen; well net nëmmen war d’Aarbéchtskleedung fir all Mineur déiselwécht, och hir houfreg „Sonndeswot“ huet dem Schaffgezei net wéineg geglach. Déi Manéier fir sech ze kleeden a sech domat no baussen houfreg duerzestellen, fanne mer och am Lothrengeschen, esou wäit ewéi d’Sproochgrenz reecht, erëm.
No owen