eis Geschicht

D’Grënnung vun der Beetebuerger Folklorgrupp.

Am Joer 1967, wou d’Beetebuerger Scouten eng “Jugendwoch” op d’Bee gesat haten, wollte si al Lëtzebuerger Bräich erëm opliewe loossen. De Scoutschef Armand Weicker, deen och Member vum Stater Folklorgrupp “Uucht-La Veillée” war, huet bereetwëlleg eng Rei där Dänz ageprouft. Déi grouss Begeeschterung vun de Jugendlechen an deen onerwaarte Succès vun dësen Danzopféierungen, huet et dozou geféiert, datt nach am selwechte Joer de Beetebuerger Folklorgrupp “LA RONDE” gegrënnt ginn ass. Si hunn nieft den Dänz och al Vollekslidder astodéiert a beim Optrëtt zum beschte ginn.

D’Folklorgrupp huet d’Meedercher- an d’Jongentruecht vun der bekannter Uuchtgrupp iwwerholl. Um Ufank hat LA RONDE och deeselwechte Repertoire vun Dänz wéi dee vun der Referenzgrupp. No an no ass Zuel vun den Dänz bis op 30 gewuess, wéi aner Volleksdänz aus der Regioun, dem ale Lëtzebuerger Herzogtum, mat bäigeholl gi sinn.

Déi grouss Nofro fir Optrëtter hei am Land an am Ausland, sinn de Bewäis fir de gudde Ruff an d’Qualitéit vum neie Folklorgrupp. Déi beléift gesanglech Einlage bei de villen Optrëtter, ënnert der Direktioun vum René Hornick, sinn ëmmer méi perfektionéiert ginn, wat schliisslech dozou geféiert huet, datt et zu enger eegener Aktivitéit komm ass. Eng nei Folklorgrupp “LIDDER-UUCHT” huet sech 1984 forméiert, déi bis haut eng dichteg Aktivitéit opzeweisen huet.

Fir d’Optrëtter am Laf vun de Joeren 1967 bis 2017 nennt d’Statistik dës beandrockend Zuelen:

588 Danzoptrëtter mat Musekensembel hei bei eis am Land;

153 Danzoptrëtter mat Musekensembel am Ausland.

High lights am Liewe vum Veräin waren zwou Reesen an Amerika, bei d’Lëtzebuerger Auswanderer am Wisconsin, Illinois, Minnesota, an Iowa; Bedeelegung un international Festivallen, Europeaden zu Bréissel, an Dänemark (Horsens), an Italien (Padua), Mallorca (Palma), UNESCO zu Paräis, an Italien (Flaibano-25 Joer Partnerstad mat Beetebuerg), Däitschland (Alsdorf, Partnerstad mat Lëtzebuerg), Folklor-Musical Päifemeedel-Danzebouf, Fendelweih beim 25. Veräinsjubiläum …