Männertruechten


D’Männer “Truecht”

Den Häerekostüm vum Danzgrupp passt an Mëtt vum 19. Joerhonnert.
D’Knéibox mat Fallueden (Boxegueder), aus verschiddenem diskret faarwege Wollduch ass ënnert de Knéie mat säitlecher Spléck zougeknäpt oder mat faarwege Stréckelen zougeschnéiert.
Bis spéit an d’19. Joerhonnert ass dës Knéibox nach gedroe ginn. Wärend der franséischer Revolutioun ass d’laang Box a Moud komm (d’Subgesbox, pantalon souspieds, wa si mat Lastiker ënnert de Féiss gehale war). D’Box vir zougeknäpt, ouni Fallueden hat säitleche Täschen. D’Knéibox (culotte) war deemools net méi “inn” an d’Revolutionäre gouwen dofir
“les sans culottes” genannt.
D’wiertes Knéibox ass aus zolittem Tiirtechstofft ( Lénge mat Woll).
De faarwege, gemusterte Jhilli mat der klenger Täsch fir d’Aauer, ass aus feinster Woll mat gëllene Knäpp. Muenchmol ass och den houbeschte Jhilli aus seidegem Stoff viirlaanscht brodéiert.
D’blo Schib déi Mëtt 19. Joerhonnert a Moud koum, gëtt am UUCHT-Grupp als”Wiertes Truecht” ugedoen.
Fir op de Kapp, d’Kap mat Stuerz aus schwaarzem, seidege Satin. Doniewend och nach de “Quetschendéif”, en Zylinderhutt aus hoeregem Föterstoff, dee fréier ëm 1880 bei festleche Geleeënheete opgesat gouw.
Fir d’Stëfter vun de Kleeder kommen nëmmen echt “copies d’époque” a Fro.
Beim Optrëtt op der Bühn mécht den Danzgrupp, duerch eng harmoneschVariatioun an de Kleederfaarwen e schéint , gefällegt Bild.