Dammentruechten

Den Damme Bauere-Sondeskostüm

D’Bauere-Sonndestruecht ass e Kleed an der Moud Ufank 19. Joerhonnert. Dëse “Bauere” Kostüm ass nom franséische Moudestil Empire konzipéiert, wou d’Taille héich gedroe gouf. D’Kleed besteet aus véier Deeler: d’Jüpp (Rack), d’Hiem, d’Blouse an d’Schierteg.
D’laang Jüpp (si reecht bal bis un d’Fierscht erof), aus gemustertem, faarwegen Drockstoff mat Motiver aus dem 19. Joerhonnert ass aus Kotténg oder Hallefléngen.
D’wäisst, kotténgs Hiem mat laangen Äerm ass bis un den Hals zou. D’Manche vum Hiem si mat renge Spëtze besat. Op d’Hiem kënnt eng unifaarweg Blouse mat wäitem Halsausschnëtt a mat kuerze Puffäerm.
D’Schierteg ass aus wäissem Léngen, gemenkerhand mat farwege Bänner ënnelaanscht besat. De saarländesche Kräizstach koum eréischt ëm 1870 a Moud.
D’Sonndesheiwchen aus feinem, wäissem Linon mat ville Spëtzen drun, gëtt et a villen individuelle Formen, déi och am Stater Musee ausgestalt sinn.
D’Wierteshauw, déi och beim Bauerekostüm gedroe gëtt, ass aus wäissem Kotténg, ouni Spëtzen, just um Rand säitlech an hannen reng plisséiert. Am tutege Hauwendeckel ass Plaatz, fir den Hoertupi ënnerzebréngen. D’Hauw gouw fréier souwuel am Haus wéi dobaussen ugedoen. Op engem Bild vum Mathias Kirsch ëm 1835 ass déi Hauw am Nationalmusée ze gesinn.